Léif Matbiergerinnen, Léif Matbierger,
Ech si frou doriwwer, dass meng Iddi, ee neie Service fir d’Bierger aus eiser Gemeng kënnen unzebidden, unanime vun de Membere vum Gemengerot ugeholl gouf.
Et handelt sech hei em de Service vum Agent Municipal, wou eis Gemeng duerch eng Konventioun mat der Gemeng Hesper ab dem 1. Januar 2022 vollstänneg dovunner profitéiere kann.
Dem Gemengerot vun Hesper an dem Gemengerot vu Weiler-la-Tour villmools Merci fir dës flott Zesummenaarbecht.
Ech profitéieren direkt fir ze ënnersträichen, dass et eis a kengster Weis drëms geet primär Leit ze bestrofe mee, bien au contraire, präventiv ze schaffen, ze sensibiliséieren an ob Geforen hinzeweisen.
Duerch eise neie Service kënne mir zum Beispill Sécherheet betreffend dem Code de la Route erhéijen an esoumadder d’Sécherheet vum Foussgänger an eise Kanner. Alleguerten d‘Agente si gutt ausgebilt fir ob déi verschiddenste Missioune kënnen adequat mat Empathie, Toleranz a Flexibilitéit ze reagéieren.
Mir ginn eis als Gemengeresponsabel heimadden awer och d’Possibilitéit Schantjenskontrollen anzehalen an ze kontrolléieren an awer och Protokoller ze schreiwe wann d’Leit illegal hiren Dreck an eiser schéiner Natur an de Bëscher deposéieren.
Den Agent Municipal ass méi wéi nëmmen am Volleksmond „Pechert“ genannt. Nee, hien ass ee vereedegte Beamten, dee sech fir d’Wuel an den Interêt vun der Gemeng wäert asetzen, dee vill um Terrain ënnerwee wäert sinn, an engem stännegen Dialog mat eise Bierger an esou d’Kommunikatioun vun den Informatiounen mat der Gemeng erhéije kann.
Mir erhoffen ons mat den Agents Municipauxen alleguerten eise Matbierger, een neien, modernen, interaktive Service kennen unzebidde fir d’Gemeng weider ze entwéckelen a ze moderniséieren.
Denkt drun Iech weg alleguerten un de Code de la Route an un Gemengereglementer ze halen.
Mir soe Merci fir Versteesdemech a wënschen eis eng flott Zesummenaarbecht.
Vincent Reding
Buergermeeschter