Aktioun Bestëbserstauden | Action plantes vivaces pollinisateurs

Zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS schafft eis Gemeng dorun, fir de Bestëbser erëm méi Pollen- a Nektarquellen an eise Dierfer ze bidden. Aus deem Grond huet de Schäfferot décidéiert, fir d’Bierger bei der ekologescher Gestaltung vun hire Gäert a Balkonen ze ënnerstëtze. Mir bidden Iech och dëst Joer erëm zesummen mam SIAS eng Aktioun, mat där Dir äre Gaart ästhetesch an ekologesch opwäerten kënnt an de Bestëbser-Insekten eng wichteg Nahrungsquell bitt.

Mir offréieren all Haushalt aus der Gemeng Weiler-la-Tour e Pak mat 6 bestëbserfrëndleche Stauden fir ronderëm d’Haus ze planzen. D’Staude sinn gratis an mussen op en Terrain geplanzt ginn, deen Iech gehéiert. Am beschten planzt Dir d’Stauden op eng sonneg Plaz ronderëm äert Haus (bei der Liwwerung kritt Dir och eng Planz-Uleedung mat Informatiounen zu deene verschiddene Staude). Dir musst eng Fläch vun engem Quadratmeter fir déi 6 Staude virgesinn.

Wann Dir Iech weider wëllt iwwer Stauden an hire Notzen an der Natur informéiere: Link

D’Staude kënnen am Abrëll 2024 bei der Hall vum Service Jardinage ofgeholl ginn. De genauen Datum gëtt am viraus matgedeelt.

Wann Dir Froen zum Projet hutt, steet Iech den Tom Dall’Armellina vun der Biologescher Statioun SIAS zur Verfügung. (Tel.: 34 94 10 – 32; t.dallarmellina@sias.lu)

Bestellung:

Ech wëll mech un der Aktioun “Bestëbserstauden 2024” bedeelegen

    • Numm & Virnumm
    • Adress & Uertschaf
    • Telefon & Mail

Ech bestellen en Staudenpak mat 6 Bestëbserstauden
Formular bis den 15. Mäerz 2024 zeréck schécken  per Mail un info@weiler-la-tour.lu.

En collaboration avec la station biologique SIAS, notre commune s’engage à augmenter les sources de pollen et de nectar pour les pollinisateurs dans nos villages. C’est pourquoi le collège des Bourgmestre et échevins a décidé de soutenir les citoyens dans l’aménagement écologique de leurs jardins et de leurs balcons. Nous vous offrons action pour cette année en coopération avec le SIAS, avec laquelle vous pouvez valoriser l’esthétique et l’écologie de votre jardin et ainsi créer une source de nourriture pour les insectes pollinisateurs.

Nous offrons à chaque ménage de la commune de Weiler-la-Tour un paquet de 6 plantes vivaces à planter dans les alentours de la maison. Ce paquet est gratuit et doit être planté sur le terrain du requérant. Il est préférable de planter les plantes vivaces dans un endroit ensoleillé (vous recevrez un guide de plantation contenant des informations sur les différentes plantes vivaces). Vous devez prévoir une surface d’un mètre carré pour les 6 vivaces.

Si vous souhaitez vous informer plus en détail sur les plantes vivaces et leur utilité pour la nature: Lien

Les plantes vivaces peuvent être recueillies en avril 2024 auprès de l’atelier du service jardinage. La date exacte sera communiquée à l’avance.

Pour des informations supplémentaires, veuillez contacter M. Tom Dall’Armellina de la station biologique SIAS (Tel: 34 94 10 – 32; Mail: t.dallarmellina@sias.lu).

Commande:

Je veux participer à l’action “Plantes vivaces pollinisateurs 2024”

    • Nom & Prénom
    • Adresse & Localité
    • Tél. & Mail

Je commande un paquet de 6 plantes vivaces pollinisateurs
Formulaire à renvoyer jusqu’au 15. Mars 2024 à l’adresse électronique info@weiler-la-tour.lu.

Dernière modification le 01.03.2024

Des articles de la même catégorie

Guide fir den Ëmgang mat Harespelen

Guide fir den Ëmgang mat Harespelen

Die Hauptsaison der Wespen ist gestartet und viele Menschen machen sich Sorgen, wenn sie ein Nest im Garten oder auf der Terrasse finden. Die "Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l" hat deswegen einen praktischen Ratgeber entwickelt, der Informationen über die...

lire plus
Fairtrade Gemeng

Fairtrade Gemeng

Fairtrade Lëtzebuerg erklärt d'Gemeng Weiler zum Tuer fir d'Joeren 2024 an 2025 zu enger Fairtrade Gemeng. Déi éischt Zertifizéierung war den 10. Mee 2013. Eng Fairtrade Gemeng ass eng Gemeng wou sech kollektiv fir eng méi fair Welt agesat gëtt,...

lire plus
Gielt Band

Gielt Band

Aktioun „Gielt Band“: Hei ass Plécken erlaabt. All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an...

lire plus
Aller au contenu principal