D’Gemeng Weiler-la-Tour sicht och dëst Joer erëm Studentinnen a Studenten an der Period tëschent dem 15. Juli an dem 8. September 2024.
Viraussetzung:
- Du hues tëschent 18 a 26 Joer;
- Du wunns an der Gemeng Weiler-la-Tour;
- Du hues nach net als Student bei eis op der Gemeng geschafft;
- Du bass am Schoulsystem ageschriwwen.
Mir proposéieren dir dräi Optiounen:
Service Technique
- 3 Studenten
- Schaff zesumme mat eisem Service Technique dobaussen an der Gemeng.
Mutferter Haff
- 2 Studenten (1x Restaurant) (1x Étable pour cheveaux)
- Hëllef am „Atelier thérapeutique et protégé“.
Maison Relais
- 5 Studenten/Animateuren
- 16. – 26. Juli 2024 – Animatioun vun de Kanner bei de Summeraktivitéiten.
- Mindestalter: 18 Joer
- Formatioun: Brevet Animateur A
Bass du interesséiert? Da schéck eis deng Demande bis de 19. Abrëll 2024
per Post oder per E-Mail (info@weiler-la-tour.lu) eran.
Bei d’Demande si bäizeleeën:
- Curriculum Vitae
- Formulaire
- Certificat de scolarité 2023-2024
Nott: Eng onvollstänneg Demande gëtt leider net zeréckbehalen!