De Corps grand-ducal d’incendie et de secours huet eng Rekrutementscampagne fir fräiwëlleg Membere fir de Groupe de support psychologique (GSP) lancéiert.
Dëse Grupp stellt sech aus fräiwëllege Memberen zesummen a garantéiert eng zäitno psychologesch Prise en charge vu Victimmen, oder Hannerbliwwenen, no schwéieren Accidenter oder Katastrophen, souwéi och den Encadrement vun de Pompjeeë vum CGDIS no schwéieren Asätz.
Conditions d’accessibilité:
Fir sech beim GSP ze bewerbe muss een:
- Mindestens 22 Joer al sinn ;
- Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséich schwetzen
- En aktive Member beim Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) sinn, oder bereet sinn Member ze ginn.
- Disponibel sinn déi ganz Formatiounen vun engem Joer matzemaachen, déi néideg sinn fir d’Memberen beim GSP ze ënnerstëtzen.
- Disponibel sinn fir Déngscht ze maachen an de Missioune vum GSP no ze goen.
Méi Informatiounen fannt Dir um Site vum CGDIS: https://112.public.lu/fr/volontariat/recrutementgsp.html