Spendenopriff

Croix-Rouge

Fir d’Leit op der Plaz sou séier a beschtméiglech ze ënnerstëtzen, huet d’Croix-Rouge e Spendenopruff lancéiert. An der Regioun vu Gaziantep soll et déi nächst Nuecht bis -6° Celsius kal ginn. Dausende Leit hu keen Daach iwwert dem Kapp a brauchen dréngend Hëllef.
Kommunikatioun: « Séisme Turquie/Syrie »
Konto: CCP LU52 1111 0000 1111 0000

Caritas

D’Caritas ass zanter bal 10 Joer a Syrien an deem Gebitt am Asaz, dat och elo vum Äerdbiewe getraff gouf. Am November an Dezember goufen hei eng 30.000 Moolzechten u Leit verdeelt, déi virum Krich geflücht waren. Elo gëtt d’Situatioun do elo nach méi prekär. An enger éischter Phas huet d’Caritas elo scho 50.000 Euro deblockéiert, fir dat néidegst besuergen ze kënnen (Iessen, Decken, Medikamenter, etc…). D’Spenden déi gesammelt ginn, gi souwuel a Syrien, wéi och an der Tierkei agesat.

Kommunikatioun: « Tremblement de terre »
Konto: CCPL LU34 1111 0000 2020 0000

CARE

CARE ass och schonn op der Plaz an de Rami Araban schwätzt vu katastrophalen Zoustänn.

« C’était très effrayant et ça ne s’est tout simplement pas arrêté. J’ai cru que toute la ville allait s’effondrer. Actuellement, je n’ai plus que 13 pour cent de batterie, il n’y a pas d’eau et nous sommes dehors dans la neige par des températures négatives. Les gens pleurent. Tout le monde a peur. Pour les enfants et les personnes âgées, la situation est particulièrement difficile. Les répliques sont très violentes et tout le monde craint que le prochain bâtiment ne s’effondre, c’est pourquoi personne n’ose entrer ». 

Nodeems CARE humanitäre Asätz an der betraffener Regioun huet, gëtt et och hei e Spendenopruff.

Kommunikatioun: Urgence Turquie/Syrie
Konto: BCEE LU85 0019 2955 6050 3000

Médecins Sans Frontières

D’Ekippe vum MSF sinn zanter den éischte Stonne vum Äerdbiewen am Asaz. Esou zum Beispill zu Idlib am Norde vu Syrien, wou Patienten an MSF-Spideeler traitéiert ginn. D’Ekippen op der Plaz hu medezinesch Noutfall-Kits un aner Ariichtungen an der Regioun verdeelt. Médecins Sans Frontières géif am enke Kontakt zu den Autoritéiten am Nordoste vu Syrien an am Süde vun der Tierkei stoen, fir esou séier wéi méiglech reagéieren ze kënnen, heescht et an enger Matdeelung vun MSF Lëtzebuerg.

Wie spende wëll, kann dat iwwert dëse Link um Site vun MSF maachen.

Spendekonto vun MSF: CCP LU751111000048480000

Unicef Lëtzebuerg

Vu Säit vun der Unicef Lëtzebuerg heescht et, dass ee schonn aktiv amgaange wier a Syrien ze hëllefen, a fir d’Hëllef an der Tierkei wier een och prett. An der Tierkei géing sech virun allem op d’Sich a Rettung vun Iwwerliewende fokusséiert ginn, wärend a Syrien déi betraffe Kanner a Famillje psychologesch betreit a provisoresch Logementer ageriicht ginn.

Kommunikatioun: Séismes Syrie
Konto: IBAN LU38 1111 0000 1818 0000 – BIC/SWIFT : CCPLLULL

Spende kann ee via hiren Internetsite.

Handicap International Lëtzebuerg

Handicap International ass zanter 2012 an der Regioun tëscht der Tierkei a Syrien am Asaz, fir de Besoin un humanitär Hëllef z’ermëttelen an am Nordweste vu Syrien ze hëllefen. Op der Plaz hëllefen d’Ekippe vun Handicap International bei den Evakuéierungen a bidde physesch a funktionell Rehabilitatiounsdéngschter fir Blesséierter un.

Och Handicap International Lëtzebuerg rifft d’Mënschen dozou op, fir déi betraffen an der Tierkei an a Syrien ze spenden.

Spendekonto vun HI Lëtzebuerg: CCP IBAN LU47 1111 0014 2062 0000

Et kann och iwwert de Site vun Handicap International Lëtzebuerg gespent ginn.

Médecins du Monde

D’Doktere vun der Welt sinn och schonn op der Plaz, fir ze hëllefen. Och si ruffen op hir Ekippe vum internationale Reseau mat Donen z’ënnerstëtzen, fir hiren Dokteren et z’erméiglechen, d’Mënschen an Nout ze versuergen.

Kommunikatioun: Urgence Turquie/Syrie
Konten:

  • BIL IBAN LU75 0020 0100 0005 0700
  • BGL IBAN LU93 0030 0933 3757 0000
  • CCP IBAN LU40 1111 7023 9417 0000

Spende kann een och iwwert de Lëtzebuerger Site vu Médecins du Monde.

Dernière modification le 08.02.2023

Des articles de la même catégorie

Vote par correspondance – Élections européennes

Vote par correspondance – Élections européennes

Vote par correspondance Tous les électeurs inscrits sur les listes électorales sont admis au vote par correspondance lors des élections européennes.  Adresse d’envoi à l’étranger: Si les documents pour le vote de correspondance devront être envoyés à une adresse à...

lire plus
Aller au contenu principal