Organiséiert Äert Nopeschfest tëscht dem 22. Mee an dem 13. September 2026 a verbréngt flott Momenter mat Ären Noperen!
D’Nopeschfest ass déi perfekt Geleeënheet, fir seng Noperen besser kennenzeléieren, sech auszetauschen an zesummen eng gemittlech Zäit ze verbréngen. Ob bei engem spontanen Apéro, engem Kaffi virun der Dier oder engem gesellege Grillowend – all Geleeënheet ass gutt, fir Leit zesummenzebréngen.
D’Iddi ass einfach: Kontakter knäppen, d’Zesummeliewen an der Noperschaft stäerken an a gudder Ambiance schéi Momenter deelen.
Organisez votre fête des voisins entre le 22 mai et le 13 septembre 2026 et partagez un moment convivial entre voisins !
La fête des voisins est l’occasion idéale pour mieux faire connaissance avec ses voisins, échanger et passer un agréable moment ensemble. Autour d’un apéritif improvisé, d’un café devant la maison ou d’un barbecue convivial, chaque rencontre est une belle opportunité de créer du lien.
L’objectif est simple : renforcer la convivialité du quartier, encourager les échanges et partager de beaux moments dans une ambiance chaleureuse.




