D’Gemeng Weiler zum Tuer an Zesummenaarbecht mat der Maison Relais an elisabeth jeunesse, organiséieren e Babysitter Cours fir eis jonk Matbiergerinnen a Matbierger.
Datum: Samschdeg, 10. Oktober 2026 vun 9.00 – 17.00 Auer an der Maison Relais zu Weiler zum Tuer.
D’Plaze si limitéiert op 16 Participanten.
Zum Schluss vum Cours kritt all Participant e Certificat vun elisabeth jeunesse.
D’Formatioun gëtt gehalen vum Patricia SIEBENALER, Chargée de Direction vum SEAS an SEAJ.
Bei Froen oder weideren Informatiounen iwwer dëse Cours: maisonrelais@weiler-la-tour.lu oder 691 236 610.





