Hëtztwell – Hëllef fir eeler a vulnerabel Persounen
Bei héijen Temperaturen si virun allem eeler a vulnerabel Persoune besonnesch de Gesondheetsrisike vun enger Hëtzewell ausgesat. Fir dës Persounen ze schützen, gëtt et eng speziell Betreiung an Ënnerstëtzung ugebueden.
Viraussetzungen:
- 75 Joer oder méi al sinn;
- Eleng wunnen oder mat enger Persoun zesummeliewen, déi nët méi mobil ass oder invalid ass;
- Nëmmen eng begrenzt Autonomie am Alldag hunn;
- Keng Hëllef vun der Fleegeversécherung (Assurance dépendance) kréien.