« Tour de France » – Eng Lidderrees mat dem Trio MANNIJO

Tour de France
eng Lidderrees mat dem Trio
MANNIJO

Mat dësem Spektakel kënnen alleguer e kulturräicht a villsproochegt Land nei entdecken.

Wou sech di onvergiesslech Melodie vu BRASSENS, TRENET, NOUGARO a vill Aner mat Lidder aus Korsika, Oksitanien, Lotrengen, Elsass, Katalonien a Bretagne verfrënnen.
Wou och Lidder, déi vun den Immigratiounen entstane sinn, net vergiess ginn.

Adaptatioune, Lidder vun de bekannte « Chansonniers » an e puer eege Kompositioune sinn di dräi Steilen vun dësem festlechen, ënnerhaalenden an och e bëssche pädagogesche Repertoire.

Dëse musikaleschen « Tour de France ! » ass e Plädoyer fir de Recht op Sproochen an
Interkulturalitéit.

Fir MANNIJO gëtt et keng Iwwer- a keng Ënnersprooch : de Schatz vum Mond spigelt an alle Kulturen.

Den Zil vum MANNIJO Trio ass dës Villfältegkeet an enger flotter Stëmmung op der Bühn lauschteren ze dinn.

De Spektakel « Tour de France ! » ass fir jidde Publikum ugepasst.

Jo Nousse : Conception projet, chant, guitare
Patrick Riollet : Direction musicale, claviers, choeurs, accordéon, programmations
Manfred Pohlmann : Chant, guitare, épinette des Vosges

Kommissioun fir Kultur an Interkulturell Zesummeliewe vu Weiler-la-Tour
invitéiert Iech op en iwwerraschende Liddertour duerch Frankräich

Samschdeg, den 19 Oktober 2024 um 20h00 am Centre culturel „An Huef“

7, rue Schlammestee | Weiler-la-Tour
Entrée : 15€ Erwuessen / 5€ Kanner (bis 12 Joer)
Reservatioun : 26 61 71 – 1 oder info@weiler-la-tour.lu

Flyer 

Date

19 octobre 2024

Heure

20:00 - 22:00

Lieu

Salle "An Huef"
Salle "An Huef"
Weiler-la-Tour

Organisateur

Kommissioun fir Kultur an Interkulturell Zesummeliewen
QR Code
Aller au contenu principal