The Duke’s Singers

Kommissioun fir Kultur an Interkulturell Zesummeliewe vu Weiler-la-Tour invitéiert Iech op ee Concert mat « The Duke’s Singers »

E Samschdeg, 28. September 2024 um 20.00 Auer an der Kierch « San-Sébastien » zu Weiler zum Tuer

Entrée: 15 Euro Erwuessen / 5 Euro Kanner (bis 12 Joer)

Reservatioun: 26 61 71 1 oder info@weiler-la-tour.lu 

The Duke’s Singers: 

Den Ensemble gouf am September 2013 vun 12 jonke Fraen a Männer gegrënnt. Ursprénglech vu 6 jonken Hären als A-cappella-Männerensembel geplangt, haten si sech dunn den Numm « The Duke’s Singers » ginn, deen natierlech en Hommage un dat grousst Virbild The King’s Singers ass. 

Well ee mat gemëschte Stëmmen awer méi Méiglechkeeten huet, hunn si sech schnell dofir entscheet, weider Sängerinnen opzehuelen an aus The Duke’s Singers ee gemëschte Vokal Ensembel ze maachen.
Mat hirem Repertoire, deen déi verschiddensten Epochen, Stiler a Sprooche – ob sakral oder profan, ob Renaissance oder zäitgenëssesch, ob Klassik oder Pop – ëmfaasst, probéieren d’ “Duke’s“ all Geschmaach ze treffen!

Memberen:
Sopran: Sandra Morroni | Julie Thomé | Marielle Kaufmann
Alt: Debbie Marinkovic | Sandrine Garçon | Michèle Neumann
Tenor: Mark Wilwert | Claude Kraus | Ben Weis
Bass: Patrick Kraus | Lou Wio | Paul Lallemand

 

Date

28 septembre 2024

Heure

20:00 - 22:00
Église Saint-Sébastien Weiler-la-Tour

Lieu

Église Saint-Sébastien Weiler-la-Tour
Église Saint-Sébastien

Organisateur

Kommissioun fir Kultur an Interkulturell Zesummeliewen
QR Code
Aller au contenu principal