Marche gourmande
Marche Gourmande – Beweegen, genéissen, zesumme sinn!
Loscht, frësch Loft ze schnupperen a gläichzäiteg gutt ze iessen?
Maacht mat bei der Marche Gourmande zu Weiler-la-Tour, organiséiert vun de Weiler Tower Runners a Zesummenaarbecht mat der Kommissioun fir Kultur an interkulturellt Zesummeliewen!
Zwee Parcours stinn zur Auswiel (9 km oder 12 km), mat verschiddene kulinaresche Statiounen, leckere Spezialitéiten an enger flotter, gemittlecher Atmosphär.
Nei dëst Joer: e Tour vu Weiler-la-Tour bis Siren mam OLDTIMER BUS.
Tëscht Natur, Genoss a gudder Stëmmung ass alles dobäi fir e onvergiessleche Moment mat der Famill oder Frënn ze erliewen!
Sonndes, den 21. Juni 2026
Départ : GEMENGEPLAZ ( 7 rue de Schlammestee | L-5770 Weiler-la-Tour )
Den Départ wäert an Zäitslotte sinn : 11h00 / 11h30 / 12h00
Präis: 45 €/Erwuessen – 20€/Kanner bis 12Joer – Gratis fir Kanner vun 0-5 Joer
OPGEPASST !!! Limitéiert Plazen
D’Aschreiwunge si bis den 14. Juni iwwer e FORMULAIRE deen op de Gemeng Weiler-la-Tour disponibel ass oder via LINK: https://forms.gle/k9s2ypa6fXmSsKYr7
Bezuelt ass ugemellt: Reservéiert elo Ären Zäitslot !



