Éischt-Hëllef-Cours

Säitdeem den Éischt Hëllefs Cours den 1. Juli 2018 vum CGDIS nei organiséiert gouf, entsprécht dëse Cours lo och a Lëtzebuerg dem Modell vum europäeschen First-Aid-Cours. Dat heescht, dass de Cours sech elo zu gutt 2/3 op praktesch Inhalter stëtzt an déi theoretesch Deeler mëttlerweil éischter d’Ausnam bilden.

Den Éischt Hëllefs Cours gëtt vum Moniteur, deen de Cours ofhält, duerch contrôle continu validéiert.

Participanten, déi de Cours erfollegräich ofgeschloss hunn, erhalen en Diplom, dat vum zoustännege Minister ausgestallt gouf. Dofir muss een awer un alle 16 Stonnen vum Cours deelgeholl hunn an d’Participatioun muss vum zoustännegen Moniteur bestätegt ginn. Sollten dës béid Bedingungen net erfëllt sinn, sou ka keen Diplom ausgestallt ginn.

D’ Diplom ass fënnef Joer laang gëlteg. Zirka zwielef Méint éiert dës Validitéit ausleeft, erhal Dir vun eiser Säit eng Mail, déi Iech doriwwer informéiert. Dëst ass natierlech nëmme méiglech, wann Äre Benotzerkonto an déi hannerlueten E-Mail Adress nach aktiv sinn. Wann der bannent deenen fënnef Joer erfollegräich un engem weidere Cours deelhuelt, verlängert sech d’Validitéit em fënnef Joer.

 

Date

22 novembre 2023
Expiré!

Heure

18:00 - 22:00
Salle

Lieu

Salle "An Huef"

Organisateur

Corps grand-ducal d’incendie et de secours Institut National de Formation des Secours (INFS)
Téléphone
+352 49771-2595
Email
infs-howtohelp@cgdis.lu
QR Code
Aller au contenu principal