![](https://weiler-la-tour.lu/wp-content/uploads/2022/05/En-Dag-am-Besch.png)
E Rallye am Bësch
D’Gemeng Réiser organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Ëmweltkommissioun, der Naturverwaltung a mat der Ënnerstëtzung vun de Gemenge Fréiseng a Weiler-la-Tour de 15. Mee 2022 e gesellegen Dag am Bësch.
Vun 10.00 bis 16.00 Auer
Sidd dir häerzlech agelueden un engem flotte Bësch-Rallye deelzehuelen. Op verschiddene Statioune gëtt d’Thema „Wat gehéiert net an de Bësch“ op ënnerschiddlech Manéieren opgegraff an duerch interessant Informatiounen illustréiert.
Depart ass um Herchesfeld.
Restauratioun: Tarte flambée a Gegrills.
![QR Code](https://weiler-la-tour.lu/wp-content/uploads/mec/qr_42e4b2eee5411ab5e3430d0732fe3819.png)