
Duerffest Haassel
D’Amicale vum CIS Weiler a.s.b.l. organiséiert nees den 11. an 12. Juli hiert Duerffest zu Haassel op der Maartplaz.
Programm:
Samschdes geet et lass ab 18:00h mat Gedrénks, Cocktailer, Gegrilltem a Fritten. Fir d‘Kanner ginn et Cocktailer ouni Alcool.
Sonndes gëtt et vun 11:00h un Apéro. Duerno Gegrilltes a Fritte vun de Pompjeeën. Fir Zaloten, Desserten a Kaffi suergt d’Chorale St. Cecile Weiler-Haassel.
Fir d‘Stëmmung ass gesuergt mat flotter Musek an engem Sprangschlass fir d‘ Kanner op der Spillplaz.



