Kolja a Galina, wa Kuebe reesen…

Kolja a Galina, wa Kuebe reesen…
Eng flott musikalesch Virstellung mat Masken a Bildprojektioun
nom Billerbuch vum Dany Gales

Déi zwee Kueben, Kolja a Galina, liewen a Russland.
Well et hinnen do am Wanter ze kal ass, maachen se sech op d’Rees…
Ënnerwee begéine si villen aneren Déieren a froen déi, wat si am Wanter man, fir net ze fréieren. Déi zwee Kuebe kréien allerhand Äntwerten!

D’Kanner gi matt an de Spektakel abezunn, andeems si matsangen, Geräischer maachen, e Rhythmus klappen, matsangen…

Den Text, d’Biller an d’Lidder vun dësem flotte Kuebespektakel gi vum Dany Gales, der Autorin vun dësem witzege Kannerbuch, selwer präsentéiert.

D’Geschicht gëtt musikalesch begleet vum Carmen Wurth op verschiddene Perkussiounsinstrumenter, vum Caroline Mirkes um Cello a vum Marc Demuth um Kontrabass.
Loosst Iech iwwerraschen a kommt mat de Kueben op d’Rees …

Kommissioun fir Kultur an Interkulturell Zesummeliewe vu Weiler-la-Tour
invitéiert Iech op ee musikalesche Kannerspektakel fir Kanner vun 3 bis 10 joer an hier Elteren

Samschdeg, den 9 November 2024 um 16h00 am Centre culturel „An Huef“

7, rue Schlammestee | Weiler-la-Tour

Entrée : 15€ Erwuessen / 5€ Kanner (bis 12 Joer)
Reservatioun : 26 61 71 – 1 oder info@weiler-la-tour.lu

Flyer 

 

Date

09 novembre 2024

Heure

16:00 - 18:00

Lieu

Salle "An Huef"
Salle "An Huef"
Weiler-la-Tour

Organisateur

Kommissioun fir Kultur an Interkulturell Zesummeliewen
QR Code
Aller au contenu principal