Studentenjob – Grouss Vakanz 2022

D’Gemeng Weiler-la-Tour sicht och dëst Joer erëm Studentinnen a Studenten an der Period tëschent dem 18. Juli an dem 9. September 2022.

Viraussetzung:

  • Du hues tëschent 18 a 26 Joer;
  • Du wunns an der Gemeng Weiler-la-Tour;
  • Du hues nach net als Student bei eis op der Gemeng geschafft;
  • Du bass am Schoulsystem ageschriwwen.

Mir proposéieren dir dräi Optiounen:

Service Technique

  • 5 Studenten
  • Schaff zesumme mat eisem Service Technique dobaussen an der Gemeng.

Mutferter Haff

  • 2 Studenten
  • Hëllef am „Atelier thérapeutique et protégé“.

Maison Relais

  • 3 Studenten
  • 18. – 29. Juli 2022 – Animatioun vun de Kanner bei de Summeraktivitéiten.
  • Mindestalter: 18 Joer
  • Formatioun: Brevet Animateur A

Bass du interesséiert? Da schéck eis deng Demande bis de 14. Abrëll 2022 per Post oder per E-Mail (info@weiler-la-tour.lu) eran.

Bei d’Demande si bäizeleeën:

Nott: Eng onvollstänneg Demande gëtt leider net zeréckbehalen!

Dernière modification le 18.03.2022
Aller au contenu principal