ANNULÉ – Mars Klein – ‘Samthandschuh war nicht…’

E SPRËTZEGEN OWEND MAM KABARETTIST MARS KLEIN

Mam Titel Samthandschuh war nicht. Die Kabarett-Texte 1978-2020 huet de Centre national de littérature zu Miersch sämtlech Texter erausginn, déi de Mars Klein fir d’Cabarets-Bühn geschriwen huet. D’Buch huet 275 Säiten, ass räich illustréiert a weist déi zwou Etappen vum KMK: d’Zäit vum Mars als Solist 1978-1982, an d’Zäit vum Ensembel 2012-2020.

2012 hat de Régisseur Claude Mangen de Mars iwerzégt, mat him an dem Rudi Schubert nees op d’Bühn ze goen. Haut gehéiren d’Véronique Kinnen an d’Sabine Rossbach als Aktricen / Sängerinnen mam Komponist / Pianist / Sänger Rudi Schubert zum Ensembel.

Als Promotioun fir dat neit Buch spillt KMK e puer Best-of-Owenter.a variabler Besetzung.

Freides, de 14. Januar kënnt de Mars solo op Weiler fir Texter aus dem neie Buch ze präsentéieren. Et ass fir d’éischte Kéier zënter 1983, datt hien eléng op der Bühn steet.

De Spektakel dauert eng 70 Minutten. *

Gespillt gët ëm 20 Auer.

Den Entrée ass 15€

 

  • Flyer – Mars Klein

Date

14 janvier 2022
Expiré!

Heure

20:00 - 22:00

Tarif

15.00€
Salle

Lieu

Salle "An Huef"

Organisateur

Kulturkommissioun
QR Code
Aller au contenu principal