
LumaLuma Cosmic Jazz
De Lex Gillen, nieft aneren Engagementer bekannt als Member vu LumaLuma, ass an der
meditativer, akustescher oder “organescher » Zeen doheem, a spillt nëmmen op Instrumenter,
déi kee Stroumuschloss brauchen.
De Laurent Hoffmann ass e villsäitegen Artist, souwuehl am Jazz, am Experimentellen oder an
engem ganz normalen Orchester seng fest Plaz huet.
De Gast Klares, zënter zeg Joeren Unhänger vun der “klassescher” elektronescher Musik, (Ash
Ra Tempel, Tangerine Dream) huet en etlech avantgardistesch Instrumenter a Controllere
selwer gebaut. Seng Spezialitéit si komplex Klangteppecher a Sequenzen.
Lex Gillen: flutes, stones, hangdrum, percussion, waterphone
Laurent Hoffmann: bass, trumpet, oud
Gast Klares: synthesizers, sequencer, samples
Déi 3 Musiker spillen an de verschiddenste Formatiounen a Sessions mat anere Musiker, mee
donieft och Solo oder am Duo.
De Gast presenteiert deen Owend zousätzlech eng Ausstellung vu senge Steampunk-Luuchten a
gëtt Erklärungen zu den techneschen Detailer vun all Luucht.
