
ANNULÉ – Liesung mam Roland Harsch
Liesung mam Roland Harsch
Musikalesch Intermezzi mam Paul Klein um Saxophon an dem Frédéric Janovec um piano
De Roland Harsch gouf 1951 zu Lëtzebuerg gebuer. Hien huet Germanistik an Anglistik studéiert a wor Professer zulescht am Jongelycée an der Stad.
Hie krut, nieft aneren Auszeechnungen, 2001 de „Prix Servais“ fir säi Buch Laub und Nadel an 2015 de „Lëtzebuerger Buchpräis“ fir Rasch(t)auer.
Seng rezent Bicher, déi an den Editions Guy Binsfeld erauskomm sinn, droen den Titel Dat grouss Féissbuch (2019) a Pillem oder Këssen (2021). An där leschter Publikatioun mam Ënnertitel Bettwenzeltier & Nuetseskapaden fanne mer eng Panoplie vu verwurrelze Geschichten, déi all schloflos Nuecht méi agreabel maachen. D’Texter ziele vun der Schloflosegkeet, awer och vu Gedanken, déi sech an esou enger Nuecht duerch de Stärenhimmel zéien.
De Roland Harsch wäert bei senger Liesung de Schwéierpunkt op Pillem oder Këssen leeën, ma och aner Bicher vun him kommen do zur Sprooch.
Reservéiert Är Plazen: 26 61 71 – 1
