« Fréier wor alles – »

« Fréier wor alles – »

eng satiresch Chronik vun de 6oer Jore bis haut vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

An dësem satiresche Programm, dee bis elo dräizeng mol mat groussem Publikumserfolleg opgefouert gouf (Ufank 2020, an nees am November 2020 /Januar 2021), kucken déi zwee Artisten och 2022 op eng virdigital Zäit zréck.

No den zwee politesche Joresréckblécker ‘Sorry fir den Duercherneen’ (2017) a ‘Märd alors!!!’ (2019), ass dës nei kabarettistesch Liesung e witzegen, ofwiesslungsräichen zäithistoresche Réckbléck vun de 6oer Jore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie.Vu Bonanza bis zum Game of Thrones.

Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht. Dës Zäitrees ass generatiouneniwwergräifend a jidderee ka sech op seng Manéier dran erëmerkennen. Et ass en Hin an Hier tëscht ‘Annodazumal’ an dem Zäitgeescht vun haut.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.

 

Date

18 mars 2022
Expiré!

Heure

20:00 - 22:30

Tarif

15.00€
Salle

Lieu

Salle "An Huef"

Organisateur

Kulturkommissioun
QR Code
Aller au contenu principal