Ensemble vocal Vivace

VIVACE, e Vokalensembel mat iwwer 40 Sängerinnen a Sänger aus méi Länner, ass d’Liewenswierk vu sengem Dirigent Ulric EVRARD. Während elo méi wéi 30 Joer mécht dëse weltleche Chouer sengem Numm all Éier: Vivace, lieweg an temperamentvoll.

„Bridge of Songs“ genee wéi och „Songs for Charity“ gehéieren zanter laangem a villfachen Editiounen bei VIVACE zum Terminkalenner.

Bei der Zesummestellung fir hire Concert zu Weiler an der Adventszäit wielt den Ensembel Vivace nieft engem Deel vun de Wierker aus hirem Philharmonieprogramm dann och passend Melodien als Astëmmung op Chrëschtdag.

Direktioun: Ulric Evrard

Piano: Christian Simon

Percussioun: Claude Morang

Presentatioun: Monika Evrard

Date

11 décembre 2022

Heure

17:00 - 18:00
Église Saint-Sébastien Weiler-la-Tour

Lieu

Église Saint-Sébastien Weiler-la-Tour
Église Saint-Sébastien

Organisateur

Kulturkommissioun
QR Code
Aller au contenu principal