Christmas time is here
D’Märeler Big Band gouf 2014 gegrënnt a konnt zënterhier hir Nolauschterer duerch een aussergewéinleche Repertoire iwwerzeegen.
Dozou gehéiere Swing- (Duke Ellington, Count Basie…), Latin- (Quincy Jones….) an awer och Pop Nummeren (Michael Bublé, Amy Winehouse….).
D’MBB, ënnert der Direktioun vun hirem Chef Paul Dahm, zielt zu senge Memberen och eng Rei vu Sänger a Sängerinnen a bréngt et doduerch
fäerdeg, dem Programm nach méi verschidde Facetten opzedrécken.
D’Natasa Vlaovic, gebuer a Slowenien, lieft a schafft schonn etlech Joeren zu Lëtzebuerg. Hat trëtt regelméisseg mat verschiddene Jazz-Ensemblen op, dorënner Luxembourg Little Big Band a Unit 6.
Nodeem den Armand 2012 de Gesangsconcours”The One”gewonnen huet, steet den excellentë Sänger mat verschiddene Gruppen op der Bühn, dorënner och d’MBB.
Mir freeën eis iech begréissen ze kënnen.
